Fernwaartung: Computerhëllef Remote

661 916 185

Verständlech. Gedëlleg. Bei Iech doheem.

Viren ewechhuelen a Computer botzen

Ech huelen Viren, Pop-ups a falsch Warnungen vun Ärem Computer ewech, bei Iech doheem, an stellen de Schutz sou an, datt et net erëm geschitt.

  • Bei Iech doheem, am ganze Land
  • Verständlech a mat Gedold
  • Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch

Dofir ruffen d'Leit mech un

  • Et kommen ëmmer erëm Pop-ups an Warnungen.
  • De Browser mécht vun eleng Säiten op.
  • De Computer ass vun engem Dag op deen aneren ganz lues.
  • Eng Noriicht seet, de Computer wier gespaart.
  • Ech hunn op e Link an enger komescher Mail geklickt.
  • Ech ginn no engem Uruff gefrot, e Programm z'installéieren.

Sou leeft et of

1

Uruffen oder WhatsApp

Dir beschreift kuerz, wat net klappt. Ech soen Iech direkt, ob a wéi ech hëllefe kann.

661 916 185

2

Rendez-vous bei Iech doheem

Ech kommen, wéini et Iech passt. Dir braucht näischt virzebereeden.

3

Geléist an erkläert

De Problem ass fort, an Dir wësst duerno, wat lass war a wéi Dir et selwer am Grëff hutt.

Präisser

Kloer Präisser, keng Iwwerraschungen

Dir kritt de Präis ëmmer virdrun um Telefon gesot. Duerno gëllt ganz einfach:

Éischt Stonn bei Iech doheem

79 €

Diagnos, Léisung an Erklärung, direkt bei Iech doheem.

All weider hallef Stonn

29 €

Nëmme wann et wierklech méi laang dauert. Ech froen ëmmer virdrun no.

Fernwaartung

39 €

Bis 30 Minutten iwwer eng sécher Verbindung. Ideal, wann et presséiert. Keng Ufaart.

Ufaart

0,70 €/ km

pro Kilometer, vu Foetz bei Iech an erëm zréck.

Kee Succès, keng Rechnung.

Kann ech Äre Problem net léisen, kascht Iech de Besuch näischt.*

* Fannen ech d'Ursaach a läit se un der Hardware, ass de Problem identifizéiert an de Besuch gëtt verrechent. Hardware-Reparaturen maachen ech net, dofir braucht Dir e Spezialist.

All Präisser si final. Keng TVA (Kleinunternehmer-Reegelung, Art. 57bis).

Online buchen

Rendez-vous buchen oder Ufro schécken

Sot mir, wéi ech hëllefe soll, a wielt eng fräi Zäit. Dir gesitt direkt, wat et ongeféier kascht. Wann Iech keng Zäit passt, schéckt einfach d'Ufro of, ech mellen mech bei Iech.

Wéi soll ech hëllefen?

Do kommen ech laanscht. D'Ufaart gett automatesch gerechent.

Bis zu 5 Biller, max. 10 MB pro Bild.

Froen zu Viren

Wat kascht et, Viren ewechzehuelen?

Déi éischt Stonn kascht 79 €, all weider hallef Stonn 29 €, plus d'Ufaart. Meeschtens ass ee Besuch genuch. Wann ech de Computer net propper kréien, bezuelt Dir näischt.

Ginn meng Fotoen a Fichieren dobäi verluer?

Normalerweis net. Ech botzen de Computer, ouni en einfach nei opzesetzen. Wann en nei opgesat muss ginn, sécheren ech virdrun Är Daten.

Brauch ech en Antivirus deen eppes kascht?

Fir déi meescht Leit net. Windows huet schonn e Schutz dran, deen duergeet, wann en richteg agestallt ass. Dat maachen ech mat.

Ech hunn engem um Telefon Zougrëff op mäi Computer ginn.

Ruff mech direkt un. Da gëtt den Zougang zougemaach, d'Passwierder geännert an de Computer gekuckt. Dat ass pressant.

Noe Nei, Grënner vu Computerhëllef

Dee Mënsch, dee bei Iech laut klengelt

Ech heeschen Noe Nei. Ech sinn deen, deen bei Iech heemkënnt, de Problem léist an Iech alles a Rou erkläert. Kee wiesselnd Personal, keng Hotline, keng Waardeschleef. Dir ruff un, Dir kritt mech.

Noe Nei, Grënner vu Computerhëllef

Ech kommen am ganze Land

Och dat maachen ech

Computer propper maachen?

Rufft mech un oder schreift mir op WhatsApp. Bei Betrugsfäll mellt Iech direkt, da geet et séier.

+352 661 916 185

← Zréck op d'Iwwersiicht

Termin Uruffen WhatsApp