Verständlech. Gedëlleg. Bei Iech doheem.
Internet- a WLAN-Hëllef doheem
Ech fixen Är Internetverbindung bei Iech doheem, am ganze Land: Box déi net méi verbënnt, WLAN dat net an all Zëmmer kënnt, Internet dat ze lues ass, Repeater deen falsch agestallt ass.
- Bei Iech doheem, am ganze Land
- Verständlech a mat Gedold
- Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
Dofir ruffen d'Leit mech un
- Zanter haut de Moie geet guer näischt méi.
- Am Schlofzëmmer oder uewen um Stack ass kee WLAN.
- Owes ass d'Internet ganz lues, moies geet et.
- D'Box gouf ausgetosch an elo leeft näischt méi.
- De Repeater oder d'Mesh-Set ass ni richteg agestallt ginn.
- Den Drucker oder den Fernseh fënnt d'Netz net méi.
Sou leeft et of
Uruffen oder WhatsApp
Dir beschreift kuerz, wat net klappt. Ech soen Iech direkt, ob a wéi ech hëllefe kann.
Rendez-vous bei Iech doheem
Ech kommen, wéini et Iech passt. Dir braucht näischt virzebereeden.
Geléist an erkläert
De Problem ass fort, an Dir wësst duerno, wat lass war a wéi Dir et selwer am Grëff hutt.
Präisser
Kloer Präisser, keng Iwwerraschungen
Dir kritt de Präis ëmmer virdrun um Telefon gesot. Duerno gëllt ganz einfach:
Éischt Stonn bei Iech doheem
79 €
Diagnos, Léisung an Erklärung, direkt bei Iech doheem.
All weider hallef Stonn
29 €
Nëmme wann et wierklech méi laang dauert. Ech froen ëmmer virdrun no.
Fernwaartung
39 €
Bis 30 Minutten iwwer eng sécher Verbindung. Ideal, wann et presséiert. Keng Ufaart.
Ufaart
0,70 €/ km
pro Kilometer, vu Foetz bei Iech an erëm zréck.
Kee Succès, keng Rechnung.
Kann ech Äre Problem net léisen, kascht Iech de Besuch näischt.*
* Fannen ech d'Ursaach a läit se un der Hardware, ass de Problem identifizéiert an de Besuch gëtt verrechent. Hardware-Reparaturen maachen ech net, dofir braucht Dir e Spezialist.
All Präisser si final. Keng TVA (Kleinunternehmer-Reegelung, Art. 57bis).
Online buchen
Rendez-vous buchen oder Ufro schécken
Sot mir, wéi ech hëllefe soll, a wielt eng fräi Zäit. Dir gesitt direkt, wat et ongeféier kascht. Wann Iech keng Zäit passt, schéckt einfach d'Ufro of, ech mellen mech bei Iech.
Froen zum Internet
Wat kascht Internet-Hëllef zu Lëtzebuerg?
Déi éischt Stonn kascht 79 €, all weider hallef Stonn 29 €. Dobäi kënnt d'Ufaart mat 0,70 € de Kilometer vu Foetz hin an zréck. Wann ech de Problem net léise kann, bezuelt Dir näischt.
Kënnt Dir WLAN-Problemer ouni ze kommen léisen?
Heiansdo jo. Wann de Computer nach um Netz ass, kucken ech d'Astellunge per sécherer Fernwaartung fir 39 € pro 30 Minutten. Ass d'Verbindung ganz ewech, muss ech laanschtkommen.
Schafft Dir mat all Box?
Jo. Ech ersetzen Ären Internetfournisseur net, ech maachen dat lafen, wat Dir schonn hutt: Box, Repeater, Mesh, Kabel, Steckdosen-Adapter.
Wéi séier kënnt Dir?
Meeschtens bannent 24 bis 48 Stonnen. Rufft un, ech soen Iech direkt, wéini ech Zäit hunn.
Dee Mënsch, dee bei Iech laut klengelt
Ech heeschen Noe Nei. Ech sinn deen, deen bei Iech heemkënnt, de Problem léist an Iech alles a Rou erkläert. Kee wiesselnd Personal, keng Hotline, keng Waardeschleef. Dir ruff un, Dir kritt mech.
Noe Nei, Grënner vu Computerhëllef
Ech kommen am ganze Land
- Lëtzebuerg-Stad
- Esch-Uelzecht
- Diddeleng
- Déifferdeng
- Péiteng
- Ettelbréck
- Dikrech
- Miersch
- Gréiwemaacher
- Réimech
- Wolz
- Iechternach
Och dat maachen ech
Internet erëm zum Lafen bréngen?
Rufft mech un oder schreift mir op WhatsApp. Ech soen Iech direkt, wéini ech kommen a wat et kascht.
+352 661 916 185