Verständlech. Gedëlleg. Bei Iech doheem.

Computerhëllef Remote

Mat dësem Programm kann ech Ären Écran gesinn an Iech hëllefen, ouni datt ech laanschtkommen. Dir sidd déi ganzen Zäit derbäi a kënnt alles ofbriechen.

Wichteg: nëmmen wann Dir ugeruff hutt

Luedt dëse Programm NËMMEN erof, wann Dir mech selwer op 661 916 185 ugeruff hutt. Rifft Iech een un a seet, Dir hätt e Virus oder e Problem mat Ärem Konto, da leet op. Esou schafft de Bedruch. Ech ruffen Iech ni vun eleng un, fir Iech eppes installéieren ze loossen.

Sou geet et

1

Programm eroflueden

Klickt op de Knäppchen fir Äre Computer. De Programm muss net installéiert ginn, en start direkt.

2

Nummer soen

Beim Start weist de Programm eng Nummer a Passwuert. Sot mir déi um Telefon.

3

Zesummen kucken

Ech gesinn Ären Écran a kann hëllefen. Dir gesitt alles wat ech maachen a kënnt de Programm zoumaachen, wann Dir wëllt.

Programm eroflueden

De Programm heescht RustDesk a leeft iwwer de Server vu Computerhëllef zu Lëtzebuerg.

Hutt Dir RustDesk schonn? Da braucht Dir dës Astellungen

Wien de Programm scho vun anzwousch huet, muss him soen, wou en higeet. Beim Download hei uewen ass dat scho prett.

Server
remote.computerhellef.lu
Relay
remote.computerhellef.lu
Key
rnpIWdjDg0BtnqyzeKjZN5VkdW+jGm7ehWyVSd5NAII=

Wat kascht dat?

39 € pro ugefaangen 30 Minutten. Kee Succès keng Rechnung, grad wéi bei mir doheem. Geet et net iwwer de Bildschierm, da kommen ech laanschtgefuer.

Elo Hëllef?

Rufft mech un, da maache mir dat zesummen.

+352 661 916 185

← Zréck op d'Iwwersiicht

Termin Uruffen WhatsApp